Leschte Freideg huet d'Hondsstaffel vun der Douane e Mann mat Droge bei enger Routineskontroll am Zuch erwëscht.

Den Drogemupp "Chase" war beim Mann opmierksam ginn an huet dësen de Beamten ugewisen. De Mann hätt, wéi d'Douane schreift, nach séier probéiert, d'Drogen ze verstoppen, wat him awer net gelongen ass. Am Ganzen hat hie 40 Gramm Kokain, 11 Ecstasy-Pëllen an e bëssen Haschisch a Marihuana bei sech. Nieft den Droge goufen och zwee Handye saiséiert.

Op Uerder vum Parquet war de Mann verhaft ginn a koum virun den Untersuchungsriichter, deen hien an Untersuchungshaft placéiert huet. Wärend den Ermëttlunge koum och eraus, datt de Mann illegal am Schengenraum war. Wéi déi franséisch Autoritéite matgedeelt huet, gëllt géint hien en Areesverbuet fir de Schengenraum.

RTL

© Administration des douanes et accises