Séier Hëllef ass wichteg, esou d'Wëlldéierestatioun vun Diddeleng

© Privat
Zanter e puer Woche ginn am Zentrum vum Land ëmmer nees Vulle gemellt, déi vergëft goufen. D'Wëlldéierestatioun zu Diddeleng confirméiert eng Rei Fäll.
Besonnesch an de Quartieren Hollerech, Gaasperech a Bouneweg wiere Kueben, Dauwen an Elstere fonnt ginn, déi Symptomer vu enger Vergëftung gewisen hunn. E User huet sech bei RTL.lu gemellt, nodeems hien am Raum Bouneweg e Kueb fonnt huet, deen desorientéiert an apathesch gewierkt huet, typesch Unzeeche vu Vergëftung.
D'Déierestatioun zu Diddeleng huet op Nofro confirméiert, dass zanter 5 bis 6 Woche reegelméisseg Kueben, mee och Dauwen an Elsteren an d’Statioun bruecht ginn. An enger Rei Fäll konnt d’Gëftsubstanz Alpha-Chlorolos nogewise ginn, eng Verbindung aus der Famill vun de Rategëfter.
Hyperthermie duerch Gëft, séier Hëllef wichteg
D’Mataarbechter vun der Statioun erklären, dass déi betraffe Villercher dacks un enger Hyperthermie leiden, enger geféierlecher Iwwerhëtzung vum Kierper. Ouni séier Behandlung kënne si dorunner stierwen. Glécklecherweis reagéieren déi meescht Déiere gutt op d’Therapie, déi nëmmen een Dag dauert. Déi meescht kënnen dono erëm an d’Natur entlooss ginn.
E Freideg de Moie goufen déi lescht sechs Déieren, déi an der Statioun opgepäppelt goufen nees fräi gelooss.
Statioun equipéiert, fir Vullen ze hëllefen
D’Statioun rifft d’Leit dozou op, wa si krank oder desorientéiert Vulle gesinn, dës an d’Déierestatioun zu Diddeleng ze bréngen. D’Statioun zu Diddeleng wier gutt equipéiert a kéint vill Déieren ophuelen.
Den Ament bleift nach onkloer, wéi a wou d’Déiere mam Gëft a Kontakt komm sinn.