Lëtzebuerger Douane fënnt 42 Kilo Marihuana bei Camionskontroll

© Douane Lëtzebuerg
Wéi d'Douane en Donneschdeg am Nomëtteg matdeelt, gouf am Kader vun enger Kontroll Ufank Abrëll nees eng gréisser Drogen-Decouverte gemaach.
Camione ware geziilt kontrolléiert ginn, dat mat engem mobile Röntgenscanner. D'Beamten hunn an deem Kader och ee Camion aus dem Ausland kontrolléiert, dee Päck gelueden hat. Dobäi ass eng "verdächteg Struktur" opgefall. Déi betraffe Këscht gouf dowéinst aus dem Camion geholl an opgemaach, woubäi sech de Verdacht confirméiert huet: An deem Pak war eng gréisser Quantitéit Marihuana.
Nom Röntgenscanner gouf et dunn awer och nach véierbeenege Support. Fir sécherzestellen, datt am Rescht vun der Charge keng weider Droge méi verstoppt waren, gouf den Drogenhond Balto agesat. Seng erfueren Nues huet bei enger zweeter Këscht ugeschloen, an där d'Beamten dunn nach emol véier Kilo Marihuana fonnt hunn. Insgesamt hunn d'Beamten domat bei deem Asaz 42 Kilo vun der Drog fonnt.
De Virfall gouf detailléiert zu Protokoll geholl an un de Parquet weidergeleet, deen d'Droge saiséiere gelooss huet. Wou d'Drogen hierkomm sinn, soll elo ermëttelt ginn. Der Douane no géif den Asaz ënnersträichen, wéi wierksam déi modern Kontrolltechnik a Kombinatioun mat speziell ausgebil(l)ten Drogesichhënn wier.
Och Drogenhond Gwen huet eng Decouverte gemaach
Wéi d'Douane en Donneschdeg matdeelt, war iwwerdeems dem Drogesichhond Gwen am Mäerz och schonn eng gréisser Decouverte gelongen. Aus ermëttlungstechnesche Grënn hätt een dozou am Mäerz awer nach näischt kënne matdeelen.
Och hei war et eng Camionskontroll, déi zu der Decouverte gefouert huet. Wou den Drogesichhond Gwen d'Charge vun engem Camion, dee Päck gelueden hat, méi genee ugeschnoffelt huet, huet d'Mudder bei zwou Këschten ugeschloen. D'Beamten hunn d'Këschten opgemaach an 12 Kilo Marihuana entdeckt. Op Uerder vum Parquet gouf déi illegal Wuer saiséiert an et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet, fir ze klären, wou d'Päck hierkoumen a wou se sollten higoen.
Och an Zukunft sollen am Beräich vun der Logistik intensiv Kontrolle gemaach ginn, heescht et vun der Douane.