123 Geier, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn, sinn a Südafrika gestuerwen, nodeems si en Elefantekadaver gefriess hunn, dee wuel vu Wëlderer vergëft gouf.

"D'Ausmooss vun der Tragedie ass schockéierend: 123 Geier goufen op der Plaz dout fonnt", heescht et vun der Verwaltung vum Krüger-Nationalpark an der Aarteschutzorganisatioun Endangered Wildlife Trust (EWT) en Donneschdeg.

84 weider Geier wieren nom Virfall Ufank der Woch mat Autoen an Helikoptere fir eng Behandlung an Iwwerwaachung matgeholl ginn, heescht et weider vum Park an dem EWT.

Den Elefantekadaver gouf - warscheinlech vu Wëlderer - mat héichgëftege Pestizide versat. D'Vergëftung vu Kadaver géing ëmmer méi dacks agesat ginn, fir virun allem Léiwen ëmzebréngen, deenen hir Kierperdeeler an der traditioneller chineesescher Medezin gefrot sinn.

Domat wier et dee schlëmmste Virfall vun där Aart, zanter 2019 a Botsuana, bei deem iwwer 500 vum Ausstierwe menacéiert Geier duerch e vergëfte Kadaver gestuerwe waren.

Bei der Method setzen d'Wëlderer entweder en Déier an, dat schonn dout ass oder si bréngen en Déier ëm, fir et als Köder ze benotzten. Dem EWT no wier d'Wëlderei op Léiwen an de leschte Jore staark geklommen.