D'Verhale vun e puer Visiteuren am Tropepavillon vum Zoo zu Zlín huet fir Opreegung gesuergt. E Grupp Wäisskappsakis huet do wuel munches missen erdroen.

"Si hunn d'Déieren net nëmme gefiddert, mä och ugepak, geheemelt an um Schwanz gezunn", schreift den Zoo Zlín an engem Post an de soziale Medien, an deem si d'Leit op d'Konsequenze vun esou engem Behuele wëllen opmierksam maachen.

Zwar géingen déi meescht Visiteure sech un d'Reegelen halen, ma "leider" géingen ëmmer mol nees "Fäll vun netubruechtem Verhalen optrieden, déi fatal Suitte fir eis Déieren hu kënnen", heescht et weider am Post. Zu genee esou engem Virfall war et dem Zoo no den 8. Mee an hirem Tropepavillon komm.

Wéi op engem Video, dee vum Déierepark gepost gouf, ze gesinn ass, huet de Grupp Leit Afe mat Fudder bei sech gelackelt, fir se dann unzepaken. Mam Video wëll den Zoo elo no de Leit sichen, fir "hinnen z'erklären, wéi eng Suitten dëst Verhalen op de Gesondheetszoustand vun den Déiere kann hunn". Donieft wieren och Schildkröte mat Schockela gefiddert ginn, woufir et wichteg fir de Park wier, ze wëssen, wéi vill Fudder d'Déiere gefriess hunn.

Een Déier 2009 wéinst Fiddere gestuerwen

D'Situatioun erënnert den Zoo un "en trauregen Event am Joer 2009, wéi eisen éischte geziichte Wäisskappsakis wéinst falschem Fidderen duerch Visiteure gestuerwen ass". Deemools huet den Zoo d'Expositioune vu Kata-Lemuren, duerch déi een trëppele kann, missen temporär zoumaachen, well ëmmer nees Visiteuren d'Déiere gefiddert hunn. Den Déierepark betount, datt een et "immens bedauere géing, wann am Tropepavillon keng fräiliewend Déiere méi wieren.

Gesondheetszoustand gëtt iwwerwaacht

Bis ewell hätten d'Schwänz vun de Wäisskappsakis "keng Verschlechterung vun hirem Gesondheetszoustand gewisen", mä hire "Verdauungssystem wier immens spezifesch", wouduerch gesondheetlech Komplikatiounen eréischt méi spéit optriede kéinten. Aktuell géing den Zoustand vun den Déiere genee iwwerwaacht.

Wäisskappsakis kommen aus dem nordëstleche Südamerika.