Et wier "eng aussergewéinlech Entdeckung" a gläichzäiteg e liewegt Beispill fir d'Verännerungen duerch de Klimawandel an Europa.

De Lëtzebuerger Naturmusée huet matgedeelt, datt et eng nei Spannenaart an der lëtzebuergescher Fauna gëtt: D'Sprangspann Saitis barbipes, déi éischter am Mëttelmierraum lieft, gouf de 6. Mee fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg fonnt

De Guy Colling, dee fir den MNHN schafft, hat déi iwwerraschend Entdeckung am Süde vum Grand-Duché gemaach. Déi winzeg, mä opfälleg Spann konnt dem Naturmusée no eendeiteg identifizéiert ginn, wat e klore Beweis dofir wier, datt dës Aart och baussent hirem normale Verbreedungsgebitt lieft.

Männlech Saitis-Spanne si fir hir "knalleg Faarwen, hir fächeraarteg Been an hire spektakuläre Balz bekannt", wéi den MNHN schreift. Si gehéieren zu de sougenannte "Pouhunne-Spannen" a ginn ëmmer méi beléift bei Natur-Observateuren.

"D'Saitis barbipes gëllt als Aart, déi Wäermt gären huet an typescherweis a südleche Regioune vun Europa virkënnt", erkläert de Guy Colling, Direkter vum Departement vun der Populatiounsbiologie an der Evolutioun am Naturmusée. "Hiert Opdauchen zu Lëtzebuerg ass eng aussergewéinlech Entdeckung - a gläichzäiteg e liewegt Beispill fir d'Verännerungen, déi hei duerch de Klimawandel siichtbar ginn."

D'Saitis barbipes ass awer net déi eenzeg Aart, déi et virdrun zu Lëtzebuerg net gouf an elo bemol opgedaucht ass. An de leschte Joren dokumentéieren d'Wëssenschaftler vum Naturmusée ëmmer méi mediterran oder südeuropäesch Aarten, déi sech an den Norden ausbreeden. Och Insekte wéi déi Europäesch Gottesanbeterin, op Lëtzebuergesch "Quisel" (Mantis religiosa) an déi Südlech Eeche-Grill (Meconema meridionale), déi et gäre waarm hunn, hu sech am Grand-Duché néiergelooss.

D'Verbreedung vun deenen Aarte steet dem Naturmusée no am Zesummenhang mat Klimadonnéeën, déi weisen, datt déi duerchschnëttlech Jorestemperatur zu Lëtzebuerg zanter de 60er ëm ronn 1,5°C geklommen ass. Déi méi waarm Temperature suergen deemno fir méi favorabel Konditioune fir Aarten, déi normalerweis op méi waarm Klimazonen am Süde limitéiert sinn. Esou ass d'Entdeckung vun der Saitis barbipes zu Lëtzebuerg e weidere biologeschen Indicateur fir de Klimawandel, schreift de Musée nach.

Aktuell gëtt d'Entdeckung wëssenschaftlech dokumentéiert an an déi national Datebank fir biologesch Villfalt, iNaturalist, agedroen. Doriwwer eraus kéint d'Entdeckung dozou bäidroen, d'Bewosstsi fir d'Auswierkunge vun der globaler Erwiermung op déi lokal Aartevillfalt ze stäerken.

Weider Informatiounen a Fotoe vun der Saitis barbipes zu Lëtzebuerg fannt Dir um Site vun iNaturalist.