Et sinn Opnamen, déi schwéier unzekucke sinn: Zwee Orcaen an 12 Delfine schéngen duerch e Park a Frankräich ze ieren, deen am Januar zougemaach huet.

Déieren zanter Méint eleng

Schonn zanter Méint komme keng Visiteure méi, ma si sinn ëmmer nach do: D'Orcae Wikie (23) a Keijo (11) goufen zesumme mat 12 Delfinen am Marineland zu Antibes zréckgelooss, nodeems de Park am Januar seng Dieren huet missen zoumaachen. Mat Dronevideoe vun Ufank Mee wëllen Déiereschützer op dat "schlëmmt Schicksal vun den Déieren" opmierksam maachen. D'Biller weisen d'Orcaen an d'Delfinen a Basengen, déi voller Alge schéngen ze sinn, d'Waasserqualitéit gesäit schlecht aus an d'Mieresgiganten ieren orientéierungslos duerch d'Waasser.

"D'Situatioun am Marineland Antibes ass en Noutfall an erfuerdert weltwäit Opmierksamkeet", sot d'Marketa Schusterova, Matgrënnerin vun der Organisatioun TideBreakers. "D'Orcae musse befreit ginn."

Park relativéiert Reprochen

D'Direktioun vum Park huet der Noriichtenagence AFP géigeniwwer awer verséchert, datt nach eng 50 Mataarbechter fir d'Wuel vun den Déiere schaffe géingen. Wat iwwerdeem wéi Algen ausgesi géing, wieren normal Algeporen. Dës géinge sech all Fréijoer, wann d'Waasser méi waarm gëtt, am gefilterte Mierwaasser bilden. Déi Versioun gouf der AFP och vum Mike Riddel confirméiert, deen de Park 26 Joer laang geleet huet, bis hie bei engem Besëtzerwiessel 2006 kuerzerhand entlooss gi war. Iwwerdeem weisen och Fotoe vun der AFP aus dem Mee 2020, wéi de Park d'Press invitéiert hat, fir en Delfin-Puppelchen ze weisen, datt d'Borde vun de Basenge mat de selwechten Algen bedeckt waren.

Ma och wann de Park sech géint déi hefteg Reaktioune wiert, déi duerch d'Videoe vun den TideBreakers ausgeléist goufen, géing een d'Analys vun den Organisatiounen, datt dréngend eng Léisung gebrauch gëtt, deelen. Trotz Austausch mam Ministère fir ekologesch Transitioun géing et awer net viru goen.

All Pläng scheiteren

Op Nofro bei der zoustänneger Ministesch gouf der AFP erkläert, datt d'Autoritéiten dorop oppasse géingen, "datt d'Déiere weiderhin ënner gudde Konditiounen ënnerbruecht ginn, wärend si op hir zukünfteg Destinatioun waarden", an datt de Park no "alternative Léisunge" fir d'Zäit dono géing sichen.

Zougemaach huet de Park zu Antibes wéinst engem Déiereschutzgesetz vun 2021, dat vun Enn 2026 u Shows mat Walen an Delfine verbitt. De Plang vum Park, d'Déieren an en Zoo a Japan ze plënneren, gouf am November 2024 awer vun der Regierung refuséiert. Amplaz huet Paräis gefuerdert, datt d'Déieren an en europäesche Park mat bessere Schutzstandarde solle kommen. Deen eenzege Park an Europa, dee fir Orcaen ekipéiert ass, läit op Teneriffa, awer och hei huet déi spuenesch Regierung e Veto ageluecht, well de Park "net den Ufuerderungen entsprécht".

Déieren net an der Lag, eleng a Fräiheet z'iwwerliewen

Well d'Wikie an hire Bouf Keijo a Gefaangenschaft gebuer sinn, kéinte si net an der fräier Wildnis iwwerliewen. Aus deem Grond ass fir de Mike Riddel d'Iddi vum Ministère an den Organisatiounen, e Mieresschutzgebitt anzeriichten, an deem d'Orcaen an d'Delfinen, an hallwer Fräiheet betreit kéinte ginn, eng "Fantasie".

"Et geet net duer, Maschendrot opzeriichten an den Orcaen zwee Mol den Dag Fësch dohin ze geheien. Et brauch Strukturen, fir mat hinnen ëmgoen ze kënnen, wa si Fleeg brauchen, et brauch Fleeger, déi all Dag mat hinnen trainéieren, Gardienen, déi verhënneren, datt d'Ëffentlechkeet kommt a si embêtéieren", betount de Mike Riddel. Dat géing awer zwee bis dräi Milliounen Euro d'Joer kaschten, obwuel d'Wickie an de Keijo nach Joerzéngte liewe kënnen - wa si gutt behandelt ginn.