Wann een un de Filmfestival vu Cannes denkt, kommen engem direkt Biller vu schéine Räck, engem rouden Teppech an Hollywood-Stars an de Kapp.

Dëst Joer suergt awer och nach en anere Star fir Gespréichsstoff. Rieds geet vun enger Zwergspitz-Damm – also engem klenge Mupp, deen op der Croisette doheem ass.
 
Emol d’Joer gëtt Cannes zum Mëttelpunkt vun der Filmindustrie a Stare wéi Angelina Jolie oder Natalie Portman zéien all Blécker op sech – awer net nëmme si! Och e véierbeenegen Star gëtt a Südfrankräich dëst Joer gefeiert. Dräi Joer huet dëse Spitz. D’Madamm heescht "Star" a flanéiert all Dag iwwert d’Croisette a Begleedung vun de Besëtzer. De Sam Ansari ass dem Star säi Meeschter a betount, datt, wann d’Star dobaussen ass "dann hale vill Leit mech un a froen, ob si dierfen eng Foto maachen. Si froen dann och ëmmer, wéi al et ass, wéi et heescht? Et ass ëmmer sou! Besonnesch wann ech op der Croisette trëppelen."
 
D'Star hätt de ganzen Tumult u sech net wierklech gär, well et am léifsten Doheem ass. Och an de Sociale Medien ass d’Star aktiv – e puer honnert Follower suivéieren dat glamouréist Cannes-Liewen op Instagram. Alles an allem war de Besëtzer awer och dëst Joer frou, iwwert den Interessi u sengem Muppes wärend dem Filmfestival. Elo ass e Joer Paus, an awer géingen och nach weiderhi vill Léit d'Muppendamm wëlle knipsen, eben och an där Zäit, wou Cannes net am Mëttelpunkt vun der Filmindustrie steet.
 
Cannes ass awer generell eng Plaz, wou et vill Hënn ginn, virun allem kleng Hënn. Dat betount och d’Laurie Laforest, si huet en Hondscoiffer zu Cannes. "Cannes ass immens bekannt fir Hënn, kleng Hënn. Well hei liewe vill pensionéiert Léit. An virun allem wärend dem Filmfestival wëllen déi eeler Dammen sech chic maachen an d'Hënn mussen da bei den Outfit oder heiansdo bei hir eege Frisur passen."