Heiansdo ginn et skurril Frëndschaften – sou och déi heiten. Den Ismael vu Kairo verbréngt am léifsten Zäit mat senger Dauf.

Hien huet d'Déier sou dresséiert, datt se hien op Schratt an Tratt begleet.

Virun annerhalwem Joer koum d’Dauf Bondk op d’Welt. Zanterhier gëtt se vum 23 Joer alen Ismael sou dresséiert, sou datt si him iwwerall nokënnt.

Scho virun iwwer dräi Joer huet hien ugefaangen, sech fir d’Villercher ze intresséieren. "Dës Dauf ass esou trainéiert, datt se fräi flitt – de Villchen ass fräi an och net ugestréckt. D’Bondk flitt mir hannendru,n wann ech mam Moto fueren, si kënnt wann ech se ruffen. Ech kann se awer och engem anere ginn a wann ech se ruffen, kënnt se erëm bei mech. Sie kënnt souguer op de 6. Stack geflunn, wann ech hier den Optrag ginn."

A senger Fräizäit verbréngt den Ismael vill Zäit bei sengem Dauweschlag. Hei sinn och vill aner Dauwen an do fillt hie sech einfach wuel. Et ass an de leschte Joren awer net ëmmer alles riicht gelaf, hien hätt och scho Villercher verluer. "Et ass e bësse riskant, well de Villchen ass fräi a kann einfach fortfléien. Et hänkt alles dovun of, wéi gutt datt s du hien trainéiert hues, wéi gär datt s du en hues a wéi frou hie mat dir ass."

Als Fitnesscoach schafft den Ismael. De Recht vun der Zäit hänkt hie mat den Dauwen. Mee fir bis dohinner ze kommen, wou een elo ass, war et laange Wee. Natierlech huet d’Dauf uganks net dat gemaach, wat hie wollt. Hien huet se missen un alles gewinnen an ass uganks just duerch eidel Stroossen mat hir getrëppelt. Dunn hätt hien ugefaangen, sech tëscht den Autoen opzehalen an dunn hätt een sech am Verkéier beweegt.

Den Ismael a seng Dauw- eng Frëndschaft déi et sou bestëmmt net dacks gëtt. Mee d’Vertrauen ass do, an dofir klappt et.