Aquarium zu Waasserbëlleg gëtt renovéiert
Schonn en halleft Joerhonnert gëtt et zu Waasserbëlleg den Aquarium. Vill Leit wëssen dat emol net, dass mir esou eppes hei zu Lëtzebuerg hunn.
Zanter 50 Joer begeeschtert den Aquarium zu Waasserbëlleg d'Visiteure mat heemeschen an och exotesche Fësch.12.000 Leit fannen am Joer de Wee dohinner. Elo gëtt den Aquarium renovéiert.Verschidde Fësch kommen derbäi an och nei Aquarien.
De Buergermeeschter Jérome Laurent huet net nëmmen un den Aquarium, ma och un dee ganze Site ronderëm geduecht. Eng nei Spillplaz soll gebaut ginn. Him war et och wichteg, dass d’Raimlechkeete wärend de Renovatiounsaarbechte fir de Public opbleiwen. Esou gesäit een och op der Plaz, dass geschafft gëtt an dass ee sech op eppes Neies freeën dierf.