E Puddel an enger Rettungsschwëmmer-Ekipp am Süde vu Spuenien
Nieft Labradore gouf elo och ee Puddel un der spuenescher Küst bei Malaga als Rettungsschwëmmer ausgebilt.
Den Nilo soll dobäi hëllefen, Mënschen un d'Ufer ze zéien. An der Vakanz kéint een a Spuenien mëttlerweil vun Hënn gerett ginn, ma lo och vum Kinnekspuddel Nilo. Eng aussergewéinlech Wiel als Rettungshond, mee awer net onbegrënnt. Puddele sinn eigentlech geziicht ginn als Juegdhënn, spezialiséiert ob d'Waasser. De Juegdtrieb ass duerch Selektioun an der Zuucht iwwer d'Zäit verluer gaangen, d’Loscht um Apportéieren an d’Freed um Waasser sinn awer bliwwen.
De Miguel, dem Nilo säin Ausbilder, ass zefridde mam Training: "Seng Schwëmmschléi si perfekt. Hie benotzt säi Schwanz perfekt wéi e Rudder fir sech ze dréinen an ze beweegen. Hie weess, wéi ee mam Stroum matgeet. Lues a lues huet hie sech an allem verbessert a gutt ugepasst."
Den zwee Joer alen Nilo stellt elo u sengem éischten Dag an der Ekipp säi Kënnen ënner Beweis.
