Zwee Biere briechen aus Zoo aus an iesse ganz Hunneg-Reserven

© AFP
An engem Zoo an England hu sech zwee Brongbieren iwwer d'Hunneg-Reserven hiergemaach.
D'Biere Mish a Lucy waren e Méindeg aus hirem Gehege ausgebéchst an hate sech an d'Richtung vun de Lagerraim vum Zoo gemaach. Hei ukomm hunn d'Déieren sech op den Hunneg gestierzt, deen hei gelagert war. Déi séiss a papeg Mass, déi u sech fir eng ganz Woch geduecht war, hunn déi zwee jonk Biere ganz eleng a kuerzer Zäit ewechgefrupst.
Vum Zoo heescht et, datt zu kengem Ament eng Gefor fir d'Ëffentlechkeet bestanen hätt. Nodeem sech de Mish an d'Lucy vollgefrupst haten, konnten hir Fleeger si nees zeréck an hiert d'Gehege lackelen. Do wieren se direkt ageschlof, heescht et vum Zoo. Wuel verständlech no esou engem Tëschesnack...