Iwwer 200 Pelznuesen hunn de Weekend ëm den Titel vum séiersten Dackel an Däitschland gekämpft. Bannent Sekonnen hat de Fiete d'Course fir sech decidéiert.

De séiersten Dackel an Däitschland kënnt domat aus Tornesch a Schleswig-Holstein. De Fiete huet mat 5,6 Sekonnen d'Finall vun der 1. Däitscher Meeschterschaft zu Magdeburg bei de Standard-Dackele gewonnen. Dobäi huet de finale Laf missen zwee Mol widderholl ginn, well trotz "Fotofinish" an den éischte Leef kee Gewënner eendeiteg konnt festgestallt ginn.

Bei de Kanéngercher- an Zwergdackelen huet d'Dackeldamm Frieda aus Ludwigsfelde (Brandenburg) gewonnen. "D'Friede kritt bei eis nëmme Büffelfleesch, vläicht ass dat sou e klengt Geheimnis", sot säi Meeschter Stefan Müller no der Victoire. Si géing donieft fir hiert Liewe gäre mat Bäll spillen.

Am Ganze waren 220 Dackel de Weekend bei der 1. Däitscher Meeschterschaft zu Magdeburg matgelaf. All Mupp goung den Organisateuren no mat zwou Persounen an d'Course: Eng Persoun hat den Hond um Start gehalen, déi aner Persoun war beim Zil positionéiert, fir den Hond ze lackelen. Dobäi goufen ënnert anerem Päifen, Quiitschebäll oder kleng Leckerlie genotzt, fir datt d'Déiere sou séier wéi méiglech iwwer déi 40 Meter laang Streck rennen.

D'Participantë koumen den Organisateuren no aus ganz Däitschland, zwee Muppe souguer aus Éisträich.