Neigebuere Wëllef ginn op éischt Entdeckungstouren an hirem Enclos

Genee eng Woch ass et hier, datt de Parc Merveilleux zu Beetebuerg op senger Facebook-Säit d'Gebuert vun e puer Wollefsbëbeeën annoncéiert hat.
D'Elterekoppel - allebéid iberesch Wëllef, déi typescherweis an Nordspuenien an Nordportugal ugesidelt sinn - war eréischt Ufank des Jores an de Park geplënnert.
Nodeems d'Mamm déi dräi bis véier Jongdéieren ufanks nach viru virwëtzegen Ae verstoppt huet, maachen déi kleng Wëllef elo awer schonn éischt kleng Entdeckungstouren op eege Fauscht. An engem e Mëttwoch publizéierte Video ass ze gesinn, wéi eent vun den Déiercher duerch d'Gréngs leeft an e Bam uschnoffelt, ier en erëm aus dem Bild leeft.
Ufank vun de 70er Joren hätt et duerch Vergëftungen an d'Juegd op d'iberesch Wëllef et just nach eng 50 Koppele ginn, heescht et an engem Post vum Parc Merveilleux. "Si sinn haut deel vun engem europäeschen Zuucht-Erhaltungsprogramm".