Eigentlech sollte 7 Kilo Kichelcher am Pak aus Vietnam sinn. Den Zoll um Flughafe Köln/Bonn huet bei der Kontroll awer eppes aneres gericht.

Verstoppt an Emballagë fir Kichelcher huet den Zoll vun Nordrhein-Westfalen ronn 1.500 Vugelspanne fonnt. De Pak aus Vietnam gouf um Flughafe Köln/Bonn aus dem Verkéier gezunn. Déi jonk Déiere waren a lauter klenge Këschten aus Plastik verstoppt.

De 7 Kilo schwéiere Pak war als Liwwerung vu Kichelcher deklaréiert a fir en Empfänger aus dem Sauerland bestëmmt. Scho beim Opmaache wier den Douanieren en ongewéinleche Geroch opgefall. Vill vun de Spannen haten den Transport net iwwerlieft.

Och déi routinéiertsten Douaniere waren iwwerrascht vun där aussergewéinlecher Decouverte, déi scho viru ronn 3 Woche gelonge war. Gläichzäiteg huet den Zoll sech betraff doriwwer gewisen, wat Mënschen alles mat Déiere maachen, fir Profit z'erwirtschaften.

Géint den Empfänger gëtt elo ermëttelt. Beim Import vun Déieren aus Net-EU-Länner gëlle streng Reegelen.