E Kallef an Däitschland hat e Mëttwoch nach emol Gléck am Ongléck. Dem Déier seng éischt Aventure hätt och ganz anescht kënnen ausgoen.

Wéi d'Bundespolizeiinspektion Flensburg matdeelt, war de Beamten e Mëttwoch géint 7 Auer gemellt ginn, datt een Zuch mat engem Déier kollidéiert wier. Op der Streck tëscht Wilster a Brunsbüttel a Schleswig-Holstein hunn d'Beamte sech dunn op d'Sich nom Déier gemaach.

Net wäit fort vu Wilster hunn d'Beamten dunn och tatsächlech direkt bei de Gleiser, déi deen Ament fir den Trafic gespaart waren, ee klengt Kallef fonnt, dat um Réck blesséiert war. D'Blessure waren allerdéngs just liicht - de Maschinist hat wuel fréi genuch gebremst an domat Schlëmmeres verhënnert.

Et war Gléck am Ongléck fir d'Källefchen, wat sengem Besëtzer no eréischt an der Nuecht virdru gebuer gi war. D'Police geet dervun aus, datt d'Déier ënnert engem Drot erduerchgeklomme war, an esou bei d'Gleiser koum.