Am Déierepark zu Nürnberg war et ze enk ginn am Pavian-Käfeg. Fir Plaz ze maachen, goufen 12 vun den Déieren ëmbruecht.

Dat trotz massive Protester vun Déiereschützer. Antëscht wieren der Spriecherin vum Parquet vun Nürnberg no eng 100 Kloe géint den Zoo erakomm. Dës souwuel vun Organisatioune wéi och vu Privatleit.

D'Déiereschutz- an Déiererechtsorganisatioune reprochéieren dem Park e Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz. Deemno dierfen Déieren net ouni räsonabele Grond ëmbruecht ginn. "Ob hei e räsonabele Grond virlouch, wäert gepréift musse ginn", sot d'Spriecherin weider. "Wéi eng Ermëttlungen néideg sinn, kann eréischt no enger Kontroll vun de Kloe beurteelt ginn."