Mann zu Kaiserslautern gëtt vun enger héichgëfteger Schlaang gebass

© afp
Zu Kaiserslautern am Bundesland Rheinland-Pfalz ass e 36 Joer ale Mann vun enger héichgëfteger Klapperschlaang gebass ginn a gouf schwéier blesséiert.
Hie war an der Nuecht op de Freideg bei engem 34 Joer ale Frënd op Besuch an huet him gehollef, d’Schlaang an en anert Terrarium ëmzesetzen, wéi d’Police matgedeelt huet. Dobäi gouf hien an d'Gesiicht gebass.
De Mann huet d’Schlaang mat zwee Hoke festgehalen, mee d’Reptil konnt sech befreien an huet him an d’Gesiicht gebass. Doropshin huet de Mann e Kreeslaf-Kollaps erlidden. De 34 Joer ale Besëtzer konnt d’Schlaang nees am Terrarium sécheren an huet direkt d’Rettungsdéngschter geruff. Dës hunn de blesséierte Mann direkt behandelt an an d’Spidol bruecht. Hien ass der Police no an engem "kriteschen, awer stabillen Zoustand".
De Besëtzer vun der Klapperschlaang muss sech elo wéinst Kierperverletzung veräntwerten. Ob hien eng offiziell Erlabnis huet, fir gëfteg Déieren doheem ze halen, gëtt nach ermëttelt.