An Neiséiland kënnen elo och Muppen a Kazen ee Gliesche Wäin genéissen

No engem laange Schaffdag ee gutt Gliesche Wäin, dat gëtt et op der anerer Säit vun der Äerd elo och fir Hausdéieren.
Och wann de Schaffdag vu Mupp a Kaz meeschtens net ganz esou ustrengend ausfält, wéi dee vun hire Besëtzer, huet eng Firma aus der neiséilännescher Stad Auckland elo een alkoholfräie Wäin entwéckelt, dee speziell op de Goût vu Bello a Mietzi ausgeriicht ass.
D'Gedrécks gëtt mat Kazemënz gemaach an ass a verschiddene Variatiounen ze kréien: "Champawgne", "Purrno Noir" a "Sauvignon Bark".
De Firmechef John Roberts koum eegenen Aussoen no op d'Iddi, wou hien am Ausland änlech Produite gesinn huet, wéi zum Beispill Béier fir Muppen. Seng Famill huet eng Firma fir Déieremedezin, déi him bei der Entwécklung vum Gedrénks gehollef hätt.
De "Wäin" huet sech an Neiséiland an Australien gutt verkaaft, esou datt d'Firma Muttley's Estate en elo och an Asien an Nordamerika verkafe wëll. "Ech si mer net sécher, ob mir den nämmlechten Erfolleg gehat hätten, wa mir en als Leckerli fir Hausdéiere verkaaft hätten", esou de Roberts.
Den Export ass bis ewell awer schwiereg. Eng Rei Länner wollte Stéieren op de Wäin setzen, bis hinne kloer gouf, "datt keen Alkohol dran ass", esou de Roberts.