Fleegestatioun fir wëll Déiere gëtt moderniséiert a vergréissert
Wann en Hausdéier krank ass, geet ee bei de Veterinär an et versuergt een et gutt doheem. Wëll Déiere sinn dogéint der Natur ausgesat.
Dofir ass et wichteg, wann een esou en Déier an Nout fënnt, sech un d'Fleege-Statioun zu Diddeleng ze riichten.
Egal op Mamendéieren, Villercher oder tropesch Déieren: zu Diddeleng an der Fleegestatioun fir wëll Déiere goufe lescht Joer iwwer 3.000 Déieren an ëm déi 170 verschidden Aarte behandelt. D’Plaz geet fir esouvill Patienten awer net méi duer.
D’Statioun ass adaptéiert fir iwwer 100 Déieren an de leschte Jore sinn et der awer iwwer 3.000 an 12 Méint, dofir wier d’Statioun net méi geduecht.
Elo gouf d’Vergréisserung an d’Moderniséierung vun der Statioun presentéiert. Iwwert 8 Milliounen Euro ginn an de Projet investéiert. 5 Millioune vum Ministère fir Ëmwelt an 3,3 Milliounen vum Ministère fir Landwirtschaft.
Mam Ëmbau an der Moderniséierung kënnen d’Déiere besser encadréiert ginn. Mee dëst ass och nëmme méiglech wa genuch Personal do ass. D’Statioun funktionéiert vill mat Benevollen. Och d’Ekipp muss weider ausgebaut ginn.
Et géifen ongeféier dräi Persounen an der Ekipp feelen, do géif och mam Ëmweltministère gekuckt ginn, esou de President vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren, Roby Biwer.
Wann Dir een Déier an Nout fannt kënnt Dir se direkt op Diddeleng bei d'Fleegestatioun bréngen oder iech bei hinne mellen. Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der Fleegestatioun.
Wéi een Impakt d'Vullegripp op d'Aarbecht an der Wëlldéierestatioun huet, gitt Dir an engem Reportage um Radio nächste Méindegmoie gewuer.