Ville Leit ass d'Gefor fir hir véierbeeneg Frënn net bewosst, wa si eng Zëmmerplanz hunn. Zemools am Wanter, wann et manner rausgeet, kann dat fatal sinn.

Zemools an de méi naassen a kale Perioden, wann et dobanne méi schnuckeleg ass, hu vill Déieren d'Bedierfnes, op frëschem Gréngs ze knabberen. Verschidde Planzen an Hausdéiere verdroe sech net oder besser gesot, dem Déier säi Mo verdréit zerknate Blieder net. Planze verschéineren zwar eise Wunnberäich, sinn awer eng reell Gefor fir Mupp a Kaz. Besonnesch beléiften Zëmmerplanze sinn ënnert deenen Zorten, déi ee besser aus dem Stot mat Déieren erausléisst.
 
A ville Wunnenge fënnt een zum Beispill déi sougenannte Monstera oder Alocasia. Dës si gëfteg fir Hënn a Kazen. D'Monstera enthält Gëfter wéi Oxalsaier oder nach Resorcinol an de Blieder, Bléien a Wuerzelen. Schlecht sinn och déi sougenannte Epipremnum-Planzen, de Ficus - d'Zorte lyrata wéi och benjamin - wéi och Sphatiphyllum. Geet en Hausdéier un dës Blieder knabberen, kann et zu seriöe Probleemer a Vergëftungssymptomer kommen.
 
Et ginn awer net gëfteg Alternative wéi déi sougenannte Calathea, Pilea, Crassula oder nach d'Palmenzort Dypsis lutescens.
 
Hutt Dir ënnert den Nimm elo eng gëfteg Zort entdeckt an hutt déi schonn doheem stoen, braucht Dir se net direkt z'entsuergen. Et geet duer, se esou ze placéieren, dass kee vun den Déieren drukënnt.

Wat maachen, wann et ze spéit ass?

Huet eise véierbeenege Matbewunner un enge vun de gëftege Planze geknabbert, sollt ee léiwer net versichen, doheem ze verpléischteren. Am beschten, et rifft ee bei säi Veterinär un oder fiert nach besser an déi nächst Déiereklinik. Besonnesch wichteg ass et, ze verhalen, wéi eng Planz gefriess gouf oder op d'mannst eng Foto dovun ze maachen, fir d'Déier geziilt kënnen ze behandelen. Antëscht ginn et och Appen, déi engem uweisen, ëm wéi eng Planz et sech handelt.