Do huet d'Mataarbechterin vun enger Bäckerei mat integréierter Pakstatioun sécher net schlecht gestaunt, wéi et op eemol an engem Pak gemiaut huet.

Genee dat ass e Méindegnomëtteg am bayreschen Neu-Ulm geschitt, wéi d'lokal Police en Dënschdeg matgedeelt huet. Gléck fir d'Kaz, den Absender stoung op der Këscht. D'Mataarbechterin huet dës Persoun kannt an direkt kontaktéiert.

An tatsächlech hat sech der Absenderin hir Kaz onbemierkt an d'Kartongskëscht geluecht a war dodran entschlof. Pech fir si, wéi dunn de Deckel zougeklappt gouf an de Pak an der Bäckerei gelant ass.

Um Enn also en Happyend fir d'Kaz an hir Besëtzerin, déi lo wuel e bësse méi genee nokuckt, ier si e Pak fortschéckt.