Mat Déiere reesen ass net ëmmer esou einfach, well et an anere Länner och aner Gesetzer, war eis trei Begleeder betrëfft, gëtt.

Et ass ganz wichteg, fir sech iwwer déi genau Bestëmmungen a Gesetzer an de Länner, wou een hireest awer och, wou ee just mam Auto duerchfiert, ze informéieren. Am Beschte mécht een datt, andeem ee sech déi original Gesetzestexter eraussicht oder och beim Konsulat oder der Botschaft nofreet.

Well a ville Länner sinn d'Gesetzer, fir d'Hale vun engem Hond, ganz streng an do kann en Iertum och emol dozou féieren, datt e Mupp ageschléifert gëtt.

A Frankräich, eng beléifte Vakanzendestinatioun, goufen d'Gesetzer an de leschte Jore méi streng. Sou dierfe keng Déieren, déi méi jonk si wéi 3 Méint, agefouert ginn. Fir déi aner gëllt et, en detailléierten Impfpass dobäi ze hunn, woubäi keng Impfung méi al wéi e Joer, Ausnahm déi nei Tollwut-Impfung, déi 3 Joer al dierf sinn, a manner al wéi 1 Mount dierf sinn. Donieft brauch een och nach en EU-Hausdéierepass, deen ee virweise muss. Donieft muss d'Déier gechippt sinn an et ass just erlaabt, fir maximal 3 Déiere matzehuelen.

Kampfhënn sinn a Frankräich dann nach méi streng reglementéiert an an 2 Kategorien agedeelt.

Sougenannte Kampfhënn a Kampfhënn-Mischlingen dierfen net agefouert ginn, mol net fir den Transit, wa si kee Stammbam, wat a Frankräich unerkannt ass, noweise kënnen. Donieft mussen d'Déiere kastréiert, resp. steriliséiert sinn. Och ass et verbueden mat deenen Déieren an e Park, e Gaart oder an ëffentlech Gebaier oder Verkéiersmëttel ze goen.

Schutz- a Wuechthënn, wéi de Rottweiler, mussen och de Pass an d'Zuchtbuch, wat de Stammbam noweist, dobäi hunn. Och d'Terrier kënnen an dës Kategorie falen, wann een iwwer de Stammbam si als Schutzhond an net als Kampfhond identifizéiere kann.

D'Muppen aus béide Kategorien mussen ëmmer un der Lénkt gehale ginn an e Maulkuerf ukréien. Donieft dierfe just erwuesse Persounen si an der Lénkt hunn. An d'Déier muss iwwer en Chip oder eng Tätowéierung ze identifizéiere sinn.

Am schlëmmste Fall, kënnen d'Déiere saiséiert a souguer ageschléifert ginn. Fir de Besëtzer kann eng Strof vu 6 Méint Prisong a bis zu 15.000 Euro kréien.

Weider Informatiounen iwwer Frankräich fannt dir hei.

A villen aner Länner gëllen aner Gesetzer, sou mussen Déieren an Australien an an anere Länner an eng Quarantän, éier si agefouert dierfe ginn. Dofir sech am beschte virun der Vakanz iwwer d'Gesetzer an de Länner, wou een duerchfiert oder hireest informéieren, fir datt ee keng schlëmm Iwwerraschung kritt.