Zu Esch ass de Weekend eng lass

De Weekend vum 17.03. bis zum 19.03. lackelt d'Stad Esch mat enger Rëtsch vu Fues-Evenementer.
Dräi Deeg, véier Ambiancen a fënnef Evenementer: De Weekend vum 17. bis zum 19. Mäerz ass zu Esch eng méi lass.
D'Fuesfestivitéite ginn e Freideg de 17. Mäerz em 20 Auer lass, wann d'Studente vun der Uni.lu op e Carnevals- a St. Patricks Day Owend op der Place de l'Hôtel de Ville alueden. D'Entrée ass gratis.
Samschdeg den 18. ass en Dag fir Grouss a Kleng. Vu 14 Auer u gëtt et e Kannerfuesbal mat Spektakel a Spiller fir déi kleng Fuesgecken. Erwuessener komme fir näischt eran, Kanner bezuele 5€.
Owes luet d'Stad Esch dann op e Satireschen Owend op der Place de l'Hôtel de Ville an, wou Stécker op Lëtzebuergesch opgefouert ginn. Tickete kënne per Mail un tourisme@esch.lu oder ënnert der Nummer +352 54 16 37 virbestallt ginn. De Virverkaf ass 13€, Oweskeess 15€.
Ofgeschloss ginn d'Festivitéiten de Sonndeg den 19. Mäerz, wann eng grouss Cavalcade mat 76 Gruppen a Ween aus Däitschland, der Belsch a Lëtzebuerg duerch Esch zitt.