Klengen Dylan: E Liewen an Angscht virun der nächster Attack
Den 3 Joer alen Dylan huet mat enger rarer Form vun Epilepsie ze kämpfen, dem sougenannten Doose Syndrom. Bis zu 30 Mol am Dag ass hie schwaach gefall.
Et sinn dramatesch Biller, mat deenen d’Linda Offermann méintelaang konfrontéiert war. 20 bis 30 Mol den Dag ass hire Bouf Dylan schwaach gefall. Schold drun ass de sougenannten Doose Syndrom. Mat Medikamenter kritt een d’Epilepsie meeschtens an de Grëff. De richtegen Traitement ze fannen, ass awer dacks komplizéiert.
3 Joer laang war den Dylan e ganz normale klenge Jong, bis hien eng éischte Kéier schwaach gefall ass. No engem "Grand Mal", der schlëmmster Form vun enger Attack, krut hien a seng Famill d'Diagnos: Doose Syndrom, eng ganz rar Zort vun Epilepsie.
Mat senger Mamm Linda ass de klenge Bouf bei déi verschiddensten Doktere gereest an huet all méiglech Medikamenter missen ausprobéieren. Dëst ass net nëmmen eng finanziell, mä virun allem eng emotional Belaaschtung.

Aktuell geet den Dylan all 3 bis 4 Wochen fir d'Kontrollen op Tréier an d'Mutterhaus. Fir seng Krankheet an de Grëff ze kréien, muss den 3 Joer ale Jong moies, mëttes an owes Medikamenter anhuelen an donieft e ganz strenge Regime, d'ketogen Diät, duerchzéien. Hie muss vill fetträich Nahrung zou sech huelen, ma wéineg Kuelenhydrater oder Proteinen. Et ass en Ëmstand, dee vill Disziplin erfuerdert a wou alles genau ofgewie muss ginn.
Duerch d'ketogen Diät an d'Medikamenter geet et dem Dylan zanter engem Mount besser. En huet quasi keng Ufäll méi. D'Hoffnung op Normalitéit bleift also bestoen.
Dem Dylan senger Doktesch no hätt hie gutt Chancen, do erëm erauszekommen. Lues a lues gëtt seng ketogen Diät lo rof gesat, a wann e 5 Joer ouni Ufall hannert sech huet, kéint en hoffentlech ouni Medikamenter weider liewen.
E Reportage vum Vidosava KUZMIC.