Déi éischt Transplantatioun vun zwou Hänn bei engem Kand an den USA, war aus Siicht vun den Dokteren, een Erfolleg.

2 Joer no der Transplantatioun ass de klengen Zion Harvey, deen an tëscht 8 Joer al ass, capabel mat sengen zwou neien Hänn ze schreiwen, selbstänneg z'iessen a sech unzedoen.

Et handelt sech ëm déi éischt erfollegräich Handtransplantatioun bei Kanner, déi net matenee Famill sinn.

No der OP hätt fir d'éischt de Jong a säi Gehir sech mussen dru gewinnen, d'Hänn ze notzen. Eleng dat wier remarkabel, well während 6 Joer dësen Deel vum Gehir net aktiv war. Et ass den Dokteren no och gelongen, dass d'Hänn mam Kierper matgewuess sinn.

Wéi et heescht, hätt déi deeglech Therapie gehollef, dass d'Kand no a no geléiert hätt mat sengen neien Hänn ëmzegoen.

Am Alter vun nëmmen zwee Joer hat dee klengen Zion, wéinst enger schwéierer Infektioun, musse seng Hänn a Féiss amputéiert kréien. An de Joren duerno huet hien och mussen eng nei Nier kréien.

Am Juli 2015 krut hien dunn d'Hänn vun engem verstuerwene Kand transplantéiert. Am Laf vun de Méint dono koum et och zu Rejeten, déi awer all konnte behandelt ginn.

Elo soll de Jong nees a säi soziaalt Ëmfeld integréiert ginn an och nees an d'Schoul goen.