Nupieda ass ee klenge Grupp vu Leit an allen Altersklassen an Nationalitéiten. Elo organiséiere si en Dag ouni Schung.

Déi meescht Mënsche sinn als Kanner op Spillplazen, am Gaart, vläicht och an der Spillschoul, ganz secher awer an der Vakanz buerféiss ronderëm gelaf. Als Erwuessenen kënnt et oft nach just seele vir, dass ee sech d’Fräiheet vum buerféiss goe gënnt an d’Foussmuskulatur a -beweeglechkeet verkëmmert ëmmer méi.

Kannerdoktere roden oft déi kleng Butzen buerféiss lafen ze loossen, well et gutt fir d’Entwécklung vum Foussapparat an der gesamter Haltung ass. Bei Erwuessenen kann d’Goen ouni Schong oft bei Réckwéi a Foussfehlstellungen hëllefen, dowéinst misst ee versichen souvill wéi méiglech op Schong ze verzichten.

AUDIO: 05/07/2017 Nupieda - den 1. buerféiss Wanderveräin am Land

Aus dësem Grond organiséiere si den 19. August en Dag ouni Schong. De Veräin lancéiert extra ee Buerféisswee, dee si zu Gréiwemaacher uleeën. Hei kënnen d'Leit da matmaachen an dës weidere gëtt pro Persoun, déi de Buerféisswee probéiert, gespent.

Weider Informatiounen iwwer Nupieda kritt Dir op hirer Facebook-Säit, op hirem Internetsite an an eiser Emissioun vu Live Planet RTL.