Bei engem klenge Creux hëlleft och emol e Smoothie, e gesonde Püree aus Uebst a Geméis fir ze drénken. Eng Metzlerei huet do eng Marktlücke entdeckt.

Wann een u Smoothie a Metzlereri denkt, kënnt engem scho bal just ee Gedanken an de Kapp. An och wann ee sech vläicht elo scho schuddert a mengt, et wier net méiglech, ... et ass awer méiglech!

Eng Metzlerei zu Temmelds an Däitschland huet hire ganz eegene Smoothie entwéckelt, de Fleesch-Smoothie. Am September soll dee spezielle Püree an Drénkform, deen aus a mat Fleesch hiergestallt gëtt, op de Maart kommen.

RTL

© Screenshot vun fleischerei-klassen.com