VIDEO: Pillow Fight
Um Krautmaart Parkinson-Patienten ënnerstëtzen
Pillow Fight an der Stad (2. September 2017)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Et kléngt no vill Spaass, ma d'Aktioun an der Stad hat e ganz serieuxen Hannergrond. Motto vun der Kësse-Schluecht war "Fight Parkinson".
Um Samschdeg hate sech vill Leit afonnt, déi d'"Parkinson-Fighter" ënnerstëtze wollten. Symbolesch gouf do eng grouss Kësse-Schluecht organiséiert. De "Pillow Fight" steet fir d'Kraaft, déi d'Patiente mussen opbréngen, fir mat dëser nach ëmmer onheelbarer Krankheet ze liewen.
Zil war et awer, esou Donen ze sammelen, déi an d'Recherche konnten investéiert ginn. Hannert dem "Pillow Fight" steet d'Lëtzebuerger Parkinson Studie a Fuerschung, zesumme mat 14 Lëtzebuerger Rotary Clibb.
Am meeschte gelies