D'Kollege vum Magazin hu sech d'Fro gestallt, ob een als Amateur einfach esou Champignone sammele kann an dono ouni Risiko iessen?

Vun Champignone hunn déi meescht schonn eng kéier héieren, hei hält awer dat meescht Wësse schonns op a genee dëst ka geféierlech ginn, wann een net weess, wat ee sammele geet. Mir hunn den Test gemaach a sinn éischt Champignone sammelen gaangen an du bei den Expert fir ze froen, ob mer et iwwerlieft hätten.

Wann een de falsche Champignon ësst, kann et emol em Liewen an Dout goen, weess den Expert. Grad beim gielen Knollenblätterpilz, deen ee gären zu Lëtzebuerg fënnt, ass de Risiko ganz grouss. Vun Iwwelzegkeet iwwer Duerchfall bis zum Zersetze vun der Liewer sinn d'Konsequenzen, wann een dëse Champignon ësst, ganz grouss.

RTL

Fazit, wien dëst Hobby ufänke wëll, huet besser, fir d’éischt bei esou Wanderunge matzegoen, fir sech beroden ze loossen, well d’Regel ass an bleift déi nämlecht: All Champignon kann een iessen, verschiddener awer leider nëmmen eng Kéier.