D'Männergripp ass net erfonnt, et gëtt se wierklech

© AFP
Dacks mécht een de Geck, wann een iwwert eng "Männergripp" schwätzt, ma elo ass et tatsächlech bewisen, Männer gi méi dacks an anescht krank wéi Fraen.
Vill Frae kennen de Problem, soubal de léiwe Mann doheem ufänkt ze kränkelen. Dacks gëtt och de Geck gemaach, e kleng Schnapp géing duergoen, da mengt ee bal e géing stierwen. Sou munchereen wäert elo schmunzelen, ma elo koum eraus, dass ee mam "Männerschnapp" duerchaus net brauch e Witz ze maachen.
E Klischee oder wëssenschaftlech beluechte Phenomen? Gi Männer tatsächlech méi séier a méi schwéier krank, wéi Fraen?
D'Äntwert ass jo!
D'Beatrix Grubeck-Loebenstein, Immunologin vun der Uni Insbruck, ënnersicht schonn zanter Laangem den Ënnerscheed tëscht dem männlechen an dem weiblechen Immunsystem. An hir Etüd, déi si am Virfeld vum Weltmännerdag, den 19. November, presentéiert huet, dierf d'Männer hoffe loossen, dass hir Angscht virum Schnapp a Féiwer vun de Fraen an Zukunft muss méi serieux geholl ginn.
U sech kann ee behaapten, dass den Immunsystem vum staarke Geschlecht méi schwaach ass, wéi bei de Fraen. Schold drun ass dat männlecht Hormon Testosteron.
E Beispill: Brockt eng Fra un enger Gripp, suergt dat weiblecht Hormon Östrogen dofir, dass déi spezifesch Immunzellen sech erhéijen. Bei de Männer ass et grad de Contraire. An anere Wierder, Östrogen stimuléiert den Immunsystem, Testosteron ënnerdréckt en. De Kierper vun enger Fra reagéiert deemno méi séier a méi aggressiv géint d'Bazillen, wéi dee vun engem Mann. Domat net genuch: wat den Testosteron méi héich ass, wat de männlechen Immunsystem méi geschwächt ass.
Richteg Männer trëfft et also duebel schlëmm!
Iwwert d'Ursaach vun dësem Ënnerscheed hunn d'Wëssenschaftler nach keng eendeiteg Erklärung, schliisslech huet sech de mënschlechen Immunsystem iwwer Millioune Joeren entwéckelt. Déi plausibelst Erklärung kéint dohier aus der Steenzäit kommen an dorun huet sech bis haut nach näischt geännert: De weiblechen Immunssystem ass dofir zoustänneg, dat ongebuerent oder neigebuerent Kand ze schützen. Dowéinst ass den Immunssystem bei der Fra och besonnesch vun der Pubertéit un am effektiivsten, ass eng Fra awer an der Menopaus, gëtt e méi schwaach.
D'Beatrix Grubeck-Loebenstein betount awer, dass net nëmmen d'Hormoner eng Roll spillen, wéi séier krank e Mann gëtt. Och aner Facteuren, déi sech op d'Verhalen an d'Ëmwelt bezéien, spillen eng Roll.
Am Resumé kann een also behaapten, déi iwwerall belächelt Männergripp gëtt et tatsächlech an ass keng Erfindung vum „geschwächte“ männleche Geschlecht mat Schnapp.