Weltwäit sinn eng 199 Millioune Fraen zockerkrank. Bis zum Joer 2040 rechent ee mat iwwer 640 Millioune Mënsche weltwäit déi zockerkrank sinn.

Schlecht Iessgewunnechten a wéineg Beweegung spillen hei eng wichteg Roll. De Christophe Hochard huet eng Fra begéint, déi vu jonkem u mat der Zockerkrankheet liewe muss, d'Vanessa Ferreira. Zanter sengem 8. Liewensjoer ass si zockerkrank. Iwwer eng Bluttanalys gouf et entdeckt.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg

Dag an Nuecht muss d'Vanessa Ferreira den Zocker kontrolléieren. Roueg schlofen ass do seelen de Fall. Well och da gëllt et, de Wecker ze stellen, fir den Zocker ze moossen.

Zanter 6 Joer schafft Si an der Klinik Dr. Bohler. Si ass Hiewan vu Beruff. Och hei gëllt et, als Diabetiker den Zocker am An ze behalen. D'Vanessa Ferreira schafft op Schichten. Hire Beruff gëtt hir vill Satisfaktioun. Virun all Moolzecht gëllt et awer, virdrun den Zocker ze kontrolléieren. Sou weess si, wéi vill gesprëtzt muss ginn.

Sou wéi d'Vanessa Ferreira ass quasi all 10. Fra vun Diabetes betraff. Schlecht Iessgewunnechten an net genuch Beweegung kënnen zu Diabetis féieren. Et gëllen e puer Reegelen. Vill Disziplin gëtt vun engem Diabetiker verlaangt. Also och vum Vanessa Ferreira. Och a Saache Schwangerschaft.

Trotz dëser Krankheet kuckt d'Vanessa Ferreira positiv an d'Zukunft a genéisst all Moment.