Neien HIV-Aktiounsplang am Regierungsrot ugeholl
Viru 35 Joer goufen déi éischt Aids-Infektioune public gemaach. Zanterhier hu sech ronn 75 Millioune Leit mam Virus infizéiert.
Um Weltaidsdag e Freideg soll nach méi op d'Krankheet opmierksam gemaach ginn. Well d'Präventioun den A an O ass. En traurege Rekord gouf et 2016, wou sech ganzer 98 Persoune mam Virus infizéiert hunn, déi meescht dovunner waren heterosexuell Persounen, bei 21 Persoune war et duerch den intravenösen Drogekonsum.
De Gesondheetsministère kann um Welt-Aids-Dag net genuch ënnersträichen, datt déi eenzeg Konditioun, fir antiretroviral Traitementer kënnen ze kréien, en Aids-Test ass. Um Dag selwer wëll een och géint d'Prejugéë virgoen, well ëmmerhi liewen eng 1.000 Leit, déi Aids hunn, am Grand-Duché.
Am Kapuzinnertheater feiert d'Asbl Stop Aids Now hiren 25. Anniversaire. 25 Joer am Service vun der Lutte géint den HIV, doriwwer diskutéieren dann och d'Sylvie Martin, de Gilbert Pregno, de Marc Angel an den Henri Goedertz.
Am Kader vum Weltaidsdag goufen e Freideg de ganzen Dag iwwer eng ganz Rëtsch Aktiounen uechter d’Land organiséiert. Ënnert anerem am Oekozenter, wou virun allem Jonker iwwert den Aids an déi sexuell iwwerdrobar Infektiounen sensibiliséiert goufen. Fir d’Claudio Pedroso, Educatrice graduée bei der Croix-Rouge, misst sech hei jiddereen ugesprach fillen, well alleguer d'leit, déi Sex hunn, hunn de Risk sech mam HI-Virus ze infizéieren a sollten en Interessi dorunner hunn sech testen ze loossen.
Och op der Stater Gare hat d'Croix-Rouge eng Aktioun, wou eng 1.000 Kondomer un d’Leit verdeelt goufen.
De Welt-Aids-Dag war och e Freideg an der Emissioun "De Freides-Invité" en Thema. Invité war de Patrick Wengler. Hie weess zënter bal 10 Joer, datt hien HIV-positiv ass. Um Ufank war et e Schock an dono e schwéiere Wee zeréck an d'Liewen.
RTL-NEWS: De Freides-Invité: Patrick Wengler
Dat offiziellt Schreiwes iwwert den neien HIV-Aktiounsplang
Nouveau Plan d’action national VIH 2018-2022 (01.12.2017) | |
| |
C’est précisément en ce 1er décembre, date de la Journée mondiale de la lutte contre le sida, que le Conseil de gouvernement a marqué son accord avec le nouveau Plan d’action national VIH (2018-2022).
Le plan poursuit une démarche participative permettant au terrain de mieux s’adresser aux populations à risque, sans porter un quelconque jugement par rapport à leur comportement à risque, et en essayant d’agir directement sur leur comportement. |
Wat wësse mir iwwert "Geschlechtskrankheeten"?
Et ass en Thema iwwert dat wuel déi mannste gären oppe schwätzen: Geschlechtskrankheeten, oder wéi et korrekt heescht: sexuell iwwerdrobar Infektiounen.
An awer ass et eppes, wat jidderee betrëfft. Laut der WHO hunn déi meescht sexuell aktiv Mënschen op d'mannst eemol am Liewen eng Geschlechtskrankheet.
Paradox un der Situatioun ass wuel, datt mer an enger Gesellschaft liewen, an där Sex an Erotik iwwerall ze fanne sinn. Ma en Thema, wéi sexuell iwwerdrobar Infektiounen, quasi e groussen Tabu ass. Obwuel dacks geduet gëtt, datt just Homosexueller, Prostituéierter oder Drogesüchteger vun esou Infektioune betraff sinn, weist d'Statistik awer, datt et déi duerchschnëttlech Populatioun ass, déi am meeschten dem Risiko ausgesat ass.
Esou eng Infektioun muss awer och behandelt ginn, well si kann, am schlëmmste Fall, zur Onfruchtbarkeet féieren.

A puncto Informatioun iwwer dës Krankheeten, huet de Lycée Nic Biever zesumme mat der HIV-Hëllef de Projet "Roundabout Aids" lancéiert. Hei ginn d'Schüler vun anere Schüler iwwer d'Gefore vun de Geschlechtskrankheeten opgekläert. Donieft kréien d'Schüler awer och gewisen, wéi a wou ee sech ustieche kann, an eben och net, a wéi ee sech dogéint schütze kann.
Ma net all Persoun, déi vun enger Geschlechtskrankheet betraff ass, weess dat och, well ebe vill Leit sech net drop teste loossen. Experte schätzen, datt d'Donkelziffer bei ville Krankheeten op iwwer 20 Prozent méi héich Leit, wéi déi offiziell Zuelen. Ma och déi Zuele gi schonn ze bedenken, well se eben an de leschte Joren ëmmer weider geklomme sinn.
Fir sech ze schützen ass a bleift awer de wichtegsten Utile de Kondom. Well sinn déi 5 heefegst sexuell iwwerdrobar Infektiounen all duerch Sperma an duerch Vaginalsekret iwwerdrobar, kënne just HIV a Syphilis och nach iwwer Blutt iwwerdroe ginn. Géint verschidde vun den Infektioune kann ee sech dann och nach Impfe loossen.

Déi meescht vun de Krankheete sinn awer ganz einfach mat Antibiotiken ze behandelen. Well awer net all sexuell iwwerdrobar Infektioun no bausse siichtbar ass, gëtt geroden, fir sech präventiv testen ze loossen.
Hei dat offiziellt Schreiwes:
|