Daniel Atz trëfft op seng Lëtzebuerger Famill
Den Daniel Atz, en Amerikaner mat neiem Lëtzebuerger Pass, hate mir iech virgestallt. Eng Fra vun Esch huet dem Daniel seng Urgroussmamm erëmerkannt.
Dir erënnert Iech vläit un den TopThemaMagazin am Hierscht iwwer déi sëllechen US-Amerikaner, déi well se Lëtzebuerger Virfahren hunn, eis Nationalitéit kënnen ufroen. Ee vun hinnen ass den New Yorker Daniel Atz. Zanter véier Joer huet hien e Lëtzebuerger Pass. Seng Urgroussmamm war Lëtzebuergerin: d'Marguerite Cruuchten. Si war nom éischte Weltkrich mat hirem amerikanesche Mann a Kansas geplënnert. Den Daniel huet d’Marguerite net perséinlech kannt. Seng Famill hat zanter Jorzéngte kee Kontakt méi mat der Famill zu Lëtzebuerg. Bis am Oktober.

Eng Dame vun Esch huet de Reportage mam Daniel hei op RTL gesinn an dem jonke Mann seng Urgroussmamm op der Foto erkannt huet.
TopThemaMagazin: VIDEO: Virfaren aus dem Grand-Duché: Ëmmer méi Amerikaner wëlle Lëtzebuerger ginn
D'Anna Theinen war bal aus der Fotell gefall, wéi si am Reportage iwwer den Lëtzebuerger-Amerikaner Daniel Atz hir Tatta erëmerkannt huet. Si huet als éischt Kontakt mat RTL, du mam Daniel Atz an du mat hirer Cousine konnten ophuelen. Am Dezember hu sech den Daniel an d'Anna am Grand-Duché getraff.