Paul Bocuse am Alter vun 91 Joer gestuerwen
De berühmte franséische Stärekach gëllt als ee vun de Pappe vun der Nouvelle Cuisine française.
De Paul Bocuse ass e Samschdeg am Alter vun 91 Joer gestuerwen. Dat huet de franséischen Inneminister Gerard Collomb de Mëtteg confirméiert.
De Poopst vun der Gastronomie huet eis fir ëmmer verlooss , huet de laangjärege Buergermeeschter vu Lyon op Twitter geschriwwen. De Bocuse hat zanter Jore Parkinson a wier a sengem Heemechtsduerf Collonges-au-Mont d’Or verstuerwen, do wou hien och säi legendären 3-Stäre-Restaurant hat.
Hie war ee vun de renomméierteste Käch weltwäit, de „Poopst vun der Gastronomie“ - sou de Gault-Millau, e Pionéier vun der nouvelle cuisine.
De Bocuse hat an de 60er a 70er Joeren d'Nouvelle Cuisine agefouert. Mëtt vun de 70er Joeren ass a ville Länner och säi Buch "Déi Nei Kichen" erauskomm, eng Kichen, déi op éischtklasseg, frësch Ingredienten an déi bescht Preparatioun setzt.
Zanter 1965 gouf hie mat 3 Stären am Guide Michelin ausgezeechent. An der Géigend vu Lyon, mä och am Ausland, hat hien e puer Restaurant opgemaach.

Zanter 1987 gëtt et och de Bocuse d’or, dee vum Paul Bocuse selwer initiéiert gouf an als eng Zorte Olympiad vun de Spëtzekäch gëllt. 24 Länner huelen dodrunner deel. 1989 hat d’Léa Linster als bis ewell eenzeg Lëtzebuergerin de Bocuse d’or gewonnen.
De franséische Star-Kach Paul Bocuse war 2011 an den USA vum Culinary Institute of America zum "Kach vum Joerhonnert" gewielt ginn.
De Paul Bocuse ass zwou Woche viru sengem 92. Gebuertsdag gestuerwen.