Didier Pittet: Entwéckler vum Desinfektiounsmëttel fir Hänn
Grad an de Kliniken ass d'Hygiène dacks eng Fro vu Liewen an Doud.
Zanter 2009 sti reegelméisseg d'Hänn am Mëttelpunkt vu Campagnen iwwert déi d'Personal sensibiliséiert gëtt. E Mëttwoch war dee Mann hei zu Lëtzebuerg, deen dat speziellt d'Desinfektiounsmëttel op Basis vun Alkohol fir Hänn erfonnt huet, de Schwäizer Professer Didier Pittet.
De Professer Didier Pittet ass keen aneren, ewéi dee Mann, deen d'Hygiène weltwäit revolutionéiert huet. Virop a Kliniken, wou d'Desinfektiounsmëttel op Basis vun Alkohol fir Hänn, wat de Schwäizer 1995 entwéckelt huet, ewell Standard ass oder op d'mannst misst sinn.
D'Desinfektiounsmëttel op Basis vun Alkohol ass sou aggressiv Vis à Vis vun Bakterien, Virussen a Pilzen, datt et am Kader vun Epidemien, ewéi Ebola, SRAS, oder H1N1 ouni Zweiwel Milliounen u Mënscheliewen gerett huet.