Zu Berlin huet eng héichschwanger Fra de Wee bis an d'Spidol net gepackt.

Bei Schloree wollt si nach an d'Spidol goen, ma de Puppelchen hat eng aner Iddi. Nach ënnerwee huet d'Fra d'Kand op d'Welt bruecht, sou e Pompjee-Spriecher. Bei der Gebuert ass der Fra vun Nopere gehollef ginn a wou d'Ambulanz bis ukomm ass, huet d'Rettungsequipe iwwerholl.

Mamm a Kand sinn dono an d'Spidol komm. Si si gesond a monter.