VIDEO
Präventioun géint d'Gripp: Ass dat iwwerhaapt méiglech?
Preventioun vun der Gripp: Wat maachen
Op déi verschiddensten Aart a Weisen kann ee sech mat der Gripp ustiechen. Grad bei kalen Temperaturen, ass dee Risk nach méi grouss.
Duerch déi aktuell Keelt verbreet sech d'Gripp nach méi séier, wéi soss.
Bei de momentanen Temperaturen dobausse kann ee gär emol krank ginn. Ma net nëmme wann ee sech net waarm genuch undeet, kann een och d’Gripp erwëschen. Iwwerdroe gëtt se ënnert anerem duerch Néitsen, Houschten a Schwätzen.
Ma well et momentan esou kal ass, verbreet se sech nach méi séier. Wann ee präventiv dogéint virgoe wëll, kann ee sech och impfe loossen. Ma och dat protegéiert een net zu 100 Prozent. Ginn et nach aner Méiglechkeete fir sech ze schützen? A wat maachen, wann ee se dann awer huet?
Detailer am Reportage vum Magazin.
Am meeschte gelies