Vill Kanner an och Erwuessener huele se mat an d'Bidden, elo koum an enger neier Etüd eraus, déi plastiks Inte si voll Bakterien a Pilzen.

D'Regierung an der Schwäiz huet d'Resultat vun der Etüd, vu Fuerscher aus der Schwäiz an den USA, en Dënschdeg verëffentlecht. Op ronn 80% vun den ënnersichten Inten goufe Bakterie fonnt, déi krank maachen. Op 60% huet ee Pilzen nogewisen.

D'Fuerscher hunn dofir dat Bannescht vu benotzten an och neie Waasserspillsaachen ënnersicht. Vun den neien Inte gouf en Deel 11 Woche laang a proppert Drénkwaasser geluet, déi aner a benotztend Buedwaasser, mat Seefereschter, Schweess, Knascht a Bakterie vum mënschleche Kierper.

D'Inte goufen duerno opgeschnidden an déi bannescht Wänn kontrolléiert. D'Resultat wier alles anescht wéi "appetitlech". Et hätt een tëscht 5 a 75 Milliounen Zelle pro Quadratzentimeter Plastik fonnt.

Et kënnt net seele vir, dass Kanner op de Bauch vun esou engem Bidden-Déierchen - et muss jo net ëmmer eng Int sinn - drécken an eng brong Flëssegkeet erauskënnt. E Phänomen, dee bestëmmt vill Eltere kennen. Natierlech kann een argumentéieren, dass dëst duerchaus den Immunsystem stäerkt, also als positiv kann ugesi ginn, seet de Mikrobiolog Frederik Hammes. Dogéint kënnen awer d'Aen oder d'Oueren ugegraff ginn oder et kritt ee Problemer mam Daarm oder mam Mo.

Wann ee sech elo d'Fro stellt, ob déi plastiks Déiercher solle komplett aus der Bidde verschwannen, deem wëllen d'Fuerscher awer net zoustëmmen. Och plädéiere si net dofir, d'Lächer sollen zougemaach ginn. Vill méi missten d'Virschrëften ëm dee mëlle Plastik méi streng ginn, aus deem se gemaach sinn. Dacks sinn déi Inten nämlech aus mannerwäertegem Plastik a bidden sou ideal Viraussetzunge fir Bakterien.