Nei Impfung géint Kriibs kéint Chemotherapie ersetzen

© AFP (Archiv)
D'Mëttel gouf bis elo just u Mais getest. Vun de betraffenen Déieren, déi Tumeuren haten, konnte 97 Prozent geheelt ginn.
Et kéint e grousse Fortschrëtt an der Lutte géint de Kriibs sinn. D'Impfung, déi keng mat Péng verbonnen Niewewierkunge soll hunn, kéint d'Chemotherapie an der Medezin ersetzen.
Bis elo gouf d'Mëttel just u Mais getest an hat do eng Erfollegsquote vu 97 Prozent. Um Enn vum Joer soll dann eng éischte Kéier e Mënsch mat der Impfung behandelt ginn. Den Test wäert bei Patiente mat Lymphdrüsekriibs gemaach ginn. D'Patiente géifen an deem Fall just mat der Impfung an net méi mat enger Chemotherapie behandelt ginn. D'Impfung wierkt, andeem si dat eegent Immunsystem ureegt, den Tumeur selwer ze bekämpfen. Eenzeg Niewewierkunge wiere Féiwer an d'Péng duerch d'Sprëtz.
An enger éischter Phas soll de Stoff bei 35 Persounen getest ginn, déi am niddrege Stadium vum Lymphdrüsekriibs sinn. Wann dës Behandlungen Erfolleg hunn, soll d'Impfung schonn an engem bis zwee Joer kënnen op de Maart kommen.