500 Milliounen Eeër fir de Grippe-Vaccin

© AFP
D'Produktioun mat den Eeër ass historesch bedéngt, bréngt awer Problemer mat sech. An Zukunft kéint ënner anerem d'Tubakplanz eng wichteg Roll spillen.
D'Geschicht vun den Impf-Eeër féiert eis zréck an d'Zäit nom zweete Weltkrich. Deemools hu Fuerscher ugefaangen e Vaccin géint d'Grippe ze entwéckelen. An hunn dofir massiv Influenza Vire gebraucht. Am Géigesaz zu de Bakterien, ass et awer net esou einfach, Vire kontrolléiert ze reproduzéieren. Am beschte geet dat mat befruchten Héngereeër. Erkläert de Martin Friede, Coordinateur vun der Initiative fir d'Recherche vu Vaccinen bei der Weltgesondheets-Organisatioun.
D'Eeër déi an der Hierstellung vun Impfstoffer gebraucht ginn, gi speziell dofir geziicht. D'hygienesch Oploen an dëse spezialiséiert Fabricke si vill méi streng wéi bei de gewéinlechen Hénger-Baueren. D'Eeër kaschten och en etlech méi deier wéi déi gewéinlech Eeër.
D'Produktioun vu Grippe Impfungen op Basis vu befruchten Héngereeër ass awer aus ethesche Grënn problematesch. Dovunner ofgesinn gëtt et nach en anere ganz groussen Nodeel.
Ausserdeem huet sech rezent erausgestallt, datt de Grippevirus AH3N2, deen an Eeër reproduzéiert gouf, sech verännert huet. Fuerscher sinn am gaangen ze préiwen, ob dëst en Impakt op d'Wierksamkeet vum Vaccin huet.
Aus all dëse Grënn sicht ee scho méi laang no méi efficacen Alternativen, fir de Grippevirus kontrolléiert ze ziichten. Zanter 15 Joer bréngen d'Wëssenschaftler et fäerdeg, de Virus an Zell-Kulture wuessen ze loossen. Dëst ass allerdéngs opwenneg an de Käschtepunkt deemenstspriechend héich. Wat mécht datt bis haut just 9% vun de Grippe-Vaccinen op dës Manéier produzéiert ginn.
An Zukunft kéint awer och d'Tubak-Planz eng gréisser Roll spillen. Fir just deen Deel vum Virus hierzestellen, dee fir den Impfstoff néideg ass. Nämlech eng Protein mam Numm Hemagglutinin.
Awer och opgrond vun Zellen, déi Insekten ausscheede kéint, een déi besote Protein ziichten an haut scho géifen domadder Vaccinen hiergestallt, wann och just eng Millioun am Joer, esou de Martin Friede vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Hie rechent dass et nach 10-20 Joer dauert, bis d'Hierstellung vu Grippe Impfungen ouni Héngereeër auskennt.