Actions For Life Projects Larry Steffen huet Häerz-Ballonge fléie gelooss
Zu Izeg gëtt sech d'Associatioun Actions vor Life Projects Larry Steffen all Joer e spezielle Rendez-vous. Si loosse Ballonge fléien, déi ee fir 5€ kann.
Nieft de schéine rouden Häerz-Ballonge geet et och ëm de perséinleche Message, dee mat erop an den Himmel zitt. Fir 5 Euro kann een eng Käertchen, entweder u betraffe Kranker schreiwen oder awer un e léiwe Mënsch, deen net méi do ass. Dëst ass eng vun de villen Aktiounen, déi dem Larry seng Elteren an d'Liewe geruff hunn. Haaptsächlech geet et drëm, d'Wuelbefanne vu kriibskranke Kanner ze verbesseren.
D'Associatioun geet mat de Kanner eraus, ënnerhëlt eppes mat hinnen, fir hinnen nees e Laachen um Gesiicht ze ginn. Laache wier wichteg, besonnesch wann ee krank ass, betount d'Joëlle Steffen, Grënnerin vun Actions For Life Projects Larry Steffen. Hire Bouf hat vun haut op muer d'Diagnos Lymphdrüsekriibs kritt an et war eng ellen Zäit am Spidol. De Kampf géint déi schwéier Krankheet huet de Larry verluer, seng Eltere ginn de Wee weider. Si setze sech elo dofir an, dass d'Recherche weiderginn, nei Medikamenter speziell fir Kanner fonnt ginn an esou méi Kanner ka gehollef ginn. Wéi noutwenneg nei Medikamenter Kanner, grad fir ganz kleng Patiente sinn, dat erliewe leider all Dag Betraffener. Et ass nämlech de Moment esou, dass zum Beispill fir Puppelcher keng adaptéiert Medikamenter existéieren, si kréien dowéinst dacks vill ze staark Traitementer. Do besteet also nach ganz vill Handlungsbedarf an der Recherche.

320 Ballongen waren et dëst Joer mat perséinleche Messagen, déi fléie gelooss gi sinn. Muncher si souguer scho wäit bis an Däitschland ukomm. Den Erléis geet un den Télévie, ma fir d'Famill Steffen ass et eng wichteg Missioun am Numm vum Larry, deen de 5. September 2007 gestuerwen ass.