Projet "Protea" fir präventiv géint de Burnout virzegoen

Ausgebrannt op der Aarbecht: Dat eppes, wat ëmmer méi dacks virkënnt an d‘Gesondheetskeess extrem géif belaaschten.
Den Ament wier et zu Lëtzebuerg esou, datt Leit, déi concernéiert sinn, dacks dräi bis néng Méint krankgeschriwwe ginn. De Patron muss 77 Deeg opkommen, dono iwwerhëlt d‘CNS d‘Käschten.
Am Interview sot de Generaldirekter vun der CMCM Fabio SECCI, et misst ee präventiv géint Burn-Out virgoen. D’Hopitaux Robert Schuman hätten an deem Sënn och de Programm “Protea” an d’ Liewe geruff. Eng Approche, wou eng Zort Fréi-Erkennung gemaach gëtt an d’Leit an eng präventiv Behandlung kënne goen. Am Ënnerscheed zum komplette Krankschreiwen kéint een hei ee mi-temps thérapeutique kréien.
All weider Informatiounen iwwert de Burnout a Behandlungsméiglechkeete fënnt een um Internetsite vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman.
Kuckt hei nach eng Kéier de ganze Kloertext zum Thema Burnout