VIDEO
Wat ass Epilepsie a wéi reagéiert ee bei enger Kris?
Epilepsie ass nach ëmmer eng Krankheet, déi ville Leit net ganz geheier ass. Et gi vill Virurteeler, an dorënner leiden och d’Patienten.
D’Maryse Arendt an de Joseph Voss vun der Lëtzebuerger Epileptiker-Associatioun, AAPE, wëllen iwwert d'Epilepsie opklären.
Am Live! hu si net nëmmen erkläert wat Epilepsie ass, mä och wéi een am Fall vun enger Kris reagéiere soll, a mat wat fir enge Konsequenzen d’Patiente liewe mussen.
Weider Informatiounen iwwert Epilepsie fannt Dir um Internetsite vun der Santé.
De 26. Mäerz war de Welt-Epilepsie-Dag. Speziell fir dësen Dag gouf een neie Sensibiliséierungs-Video op Englesch publizéiert.
Am meeschte gelies