US-Dokteren hunn eng Warnung erausginn, nodeems e Mann duerch eng extrem schaarf Chilischot ganz hefteg de Kapp wéi krut. En neie Phenomen ass et awer net.

Déi schäerfsten Zort Piment op der Welt ass engem Mann an den USA zum Verhängnis ginn. Nodeems hie bei engem Concours zu New York an eng Schot vun der Zort "Carolina Reaper" gebass hat, krut hien därmoossen hefteg de Kapp wéi, dass en huet missen an d'Urgence. D'Doktere schwätzen an dësem Fall vum sougenannten "Donnerschlag"-Kappwéi, och "Vernichtungs"-Kappwéi genannt.

Dës Zort vu Kappwéi dauert meeschtens e puer Deeg an dauert all kéiers e puer Sekonnen.

Am Fall vum 34 Joer ale Mann gouf no engem Passage am Scanner festgestallt, datt säi Kappwéi duerch de sougenannten "Reversiblen Cerebralen Vasokonstriktionssyndroms" kuerz RCVS, ausgeléost gouf. Dobäi verenge sech bestëmmten Arterien am Gehir. D'Symptomer gi vum selwen zeréck.

Eng ähnlech Reaktioun gouf et an der Vergaangenheet schonn nom konsomméiere vu Cayenne-Peffer. Do gouf eng Gefor op en Häerzinfarkt festgestallt. Datt Leit awer därmoossen de Kapp wéi kréien, nodeems se schaarfe Piment giess hunn, huet d'Dokteren iwwerrascht.

Vum "Donnerschlag"-Kappwéi, dee vun engem Moment op deen aneren am Sekonnentakt kënnt, sinn dacks Frae betraff, och ouni Piment giess ze hunn.