Lëtzebuerger Nationalekipp preparéiert sech op d'Expogast
Vum 24. bis den 28. November gëtt et eng weider Editioun vun der Expogast, deem internationale Rendez-vous vun der Gastronomie hei zu Lëtzebuerg.
Genee wéi bei Sportsevenementer trieden do Nationalekippe géinteneen un an hunn de Culinary World Cup am Viséier.
De Christian Schmit war beim éischten offiziellen Training vun der Lëtzebuerger Nationalekipp am LTB dem Bouneweger Lycée dobäi.
De Vatel Club Lëtzebuerg organiséiert d’Expogast / Villeroy&Boch Culinary World Cup, dat am Rhythmus vu 4 Joer, elo scho fir 13. Kéier. Eng Jugend- an eng Nationalekipp schécke si an de Concours. Do muss dann nieft deem kale Programm och en 3-Gang-Menu a 6 Stonne fir 110 Leit preparéiert ginn. Dëse gëtt dann am Restaurant des Nations zerwéiert.
De Menu de compétition fir d’Expogast 2018: Als Entrée Flétan à la livèche, Tempura de langoustine a Légumes acidulés, duerno Boeuf gourmand, mat Bavette confite à l’huile d’olive, joue braisée à la bière a Saucisse en robe des champs. Als Dessert de blanc manger, citron et pomme, Glace Cassandra an ee Moelleux aux amendes.