Chance fir Leit, déi soss keng Chance um Aarbechtsmarché hunn

De Restaurant Chiche zu Hollerech ass eng sozial Entreprise, bei där jiddereen op seng Käscht kënnt.
De Popup Restaurant zu Hollerech gëtt all deenen eng Aarbecht, déi et soss schwéier um Aarbechtsmarché hätten. Den Chiche mécht et awer och méiglech en ekonomesch viabele Projet ze realiséieren an dobäi och nach lecker Platen aus dem Orient ze zerwéieren.
Am Chiche fillt ee sech dann och e bësse wéi an der Vakanz. De Chiche ass e Projet op Zäit, well d’Gebai soll an engem Joer ofgerappt ginn, trotzdeem hunn déi Responsabel et fäerdeg bruecht, mat wéineg Moyenen e Restaurant mat enger ganz stilvoller Deko ze kreéieren.
De Chiche, dat sinn, nieft der Designerin Isabelle Dickes, den Entrepreneur Pit Pirotte, deem d’Haus vum Chiche gehéiert, d‘Marianne Donven, déi am Kader vun der Croix Rouge mat Flüchtlingen zesumme schafft an d'Kommunikatiounsexpertin Frédérique Buck, déi sech elo hei zesumme fonnt hunn, fir e Restaurant mat sozialem Hannergrond ze lancéieren.