Nei Therapie mat Killer-T-Zellen géint Herpes-Viren

© Wikipedia/Metju12
Herpes ass eng Vollekskrankheet: Vill Mënschen droen de Virus a sech, deen zu Herpes féiere kann. Elo hu Fuerscher eng Therapie fonnt, mat Killerzellen.
Déi meescht Leit hunn de sougenannten "Herpes-Simplex" a sech a bei 20 bis 40 Prozent vun de Betraffene brécht d'Krankheet aus, déi aner kënnen de Virus iwwerdroen. Elo soll sech eppes Entscheedendes änneren: Herpes ka geschwë geheelt ginn.
Fuerscher hunn eng nei Therapie mat "Killer-T-Zellen" entwéckelt.
D'Fuerscher vum Helmholtz Zentrums München und des Deutschen Zentrums für Infektionsforschung (DZIF) hu viru Kuerzem den Humanen Herpesvirus 6 (HHV-6) ënnersicht, deen dem normale Virus gläicht. Hiert Resultat hu si an der Fachzäitschrëft PLOS Pathogens verëffentlecht. Hinnen ass et gelongen, d'Bestanddeeler vum Herpesvirus z'identifizéieren an deemno och erauszefannen, wéi eng Zelle bekämpft musse ginn, fir de Virus ze stoppen.
Déi meescht concernéiert Leit hu sech schonn an hirer fréier Kandheet mam Herpesvirus 6 infizéiert. E Puppelchen oder klengt Kand kann doduerch dat sougenannten "Dreitagefieber" kréien. Spéider bleift de Virus e Liewe laang am Kierper, deen nieft dem Herpes-Simplex-Virus fir déi typesch lästeg Blose beim Mond responsabel sinn.
Bei engem gesonde Mënsch verursaacht de Virus weider keng Symptomer. Ma den HHV-6 kann ënner Ëmstänn zu enger Autoimmunkrankheet oder zu chronescher Middegkeet bäidroen. Fir Patiente mat engem staark geschwächten Immunsystem sinn Herpes-Viren besonnesch geféierlech.
Déi däitsch Fuerscher hu bei hire nËnnersichungen elo Zellen entdeckt, déi sech nobaue loossen a konkret d'Struktur vum Herpes-Virus ugräifen. Si zerstéieren infizéiert Zellen net nëmmen, si verhënneren och, dass de Virus sech am Kierper ausbreede kann.