"Bringing us closer"
E Mëttwoch war de Weltdag vun der Multiple Sclerose. Zu Lëtzebuerg geet een dovun aus, datt tëscht 700 an 1.000 Leit vun der Krankheet betraff sinn.
"Bringing us closer", méi no beieneen kommen, dat ass de Motto vun de Welt-MS-Deeg dëst Joer. Och zu Lëtzebuerg huet d'Liga vun der Multiple-Sclerose e Mëttwoch un dësem Dag un d'Krankheet erënnert. MS wier eng Krankheet, déi wéineg bekannt wier, fir déi Betraffen an hir Familljen awer d'Liewe géif änneren.
Beim Jacques Steffen gouf 1994 d'Diagnos MS gestallt. MS ass eng neurologesch, degenerativ Krankheet. Wann een MS huet, muss een all Dag a Beweegung bleiwen. D'Muskelen dehnen an d'Muskelen aktivéieren, och wann dat dacks ganz schwiereg fält.
Den elo 58 Joer ale Mann schafft haut vun Doheem aus, dat fir de Lëtzebuerger Auteurelexikon, wou hien Artikelen iwwert Bicher vu Lëtzebuerger Auteure schreift.
MS Lëtzebuerg organiséiert ganz vill sportlech Aktivitéiten. Heiansdo géif ee gär nach méi maachen, mee dat, wou nach méiglech ass, do soll een och dobäi bleiwen.

© Pierre Weimerskirch