Et muss immens frustrant sinn, wann ee gäre schaffe géif, een awer wéinst enger Behënnerung oder enger Krankheet keng Aarbecht fënnt.

Oder vill méi, kee Patron, deen engem eng Chance wëll ginn. Esou ergeet et aktuell hei zu Lëtzebuerg iwwer 3.000 Mënschen. Si hunn entweder de behënnerte Statut oder si reklasséiert a sichen zanter méi wéi engem Joer eng Aarbecht. D'Raphaelle Dickes huet mat Betraffene geschwat a gekuckt, wéi een hinnen hëllefe kann.

Eng Chance um Aarbechtsmaart
Et muss immens frustrant sinn, wann ee gäre schaffe géif, een awer wéinst enger Behënnerung oder enger Krankheet keng Aarbecht fënnt.